16. SEPTEMBER 2016
De Schäfferot verdeelt Kaffi
Als Optakt fir déi europäesch Mobilitéitswoch, déi viru puer Joer an d‘Welt geruff ginn ass fir d‘Léit mat der Problematik vun der haiteger Mobilitéit ze konfrontéieren a fir op d‘Alternativen opmierksam ze maachen, verdeelt de Schäfferot, mat hëllef vun engem Coffee-Bike, frësche Café, Orangëjus a Kichelcher gratis un all déi Leit déi mam ëffentlechen Transport fueren. De Coffee-Bike ass wei den Numm et scho seet, ee Vëlo mat engem ganze Stand fir Café a Jus frësch zou ze bereeden.
Wou: Busarrêten an der „route de Mersch“ an „route de Boevange“
Wéini: Ab 06.30 Auer
17. SEPTEMBER 2016
Testdag vun Elektro- an Hybridautoen
Den zweeten Dag hu mir mat puer Autosmarken zesummen eng kleng Foire fir Elektro- an Hybridautoen organiséiert. Dir kennt Iech hei informéieren an awer och verschidden Autoen testen.
Wou: Place Frounert (Ausstellung) & Place de l‘Attert (Test)
Wéini: 10.30 bis 17.00 Auer
Participatioun um Tour du Duerf.
18. SEPTEMBER 2016
Elektrovëloe, gi virgestallt a kënne getest ginn
Och Elektrovëloe sinn an der moderner an ökologescher Mobilitéit nitt méi ewech ze denken. Wann Dir och intresséiert sidd, kënnt Dir gären un enger klenger Randonnée mat engem E-Bike mat maachen. All voll Stonn gëtt een Tour ugebueden, wou Dir natierlech och de Vëlo geléint kritt. De ganzen Dag iwwer gitt dir vun Spezialisten beroden. Dir musst och nitt duuschtereg an hongereg heem goen.
Wou: A Paffent
Wéini: 10.00 bis 16.00 Auer
19. SEPTEMBER 2016
Virtrag „MOBILITÉIT MAT VERSTAND. ECONOMIE MAT GEWËNN.“
Den Här David EVERARD, Nationale Koordinator vun der „Europäescher Mobilitéitswoch“ zu Lëtzebuerg, hält een Virtrag iwwert Thema „Eng intelligent an nohalteg Mobilitéit - Eng Investitioun fir Europa“.
Programm:
- Wat ass eng intelligent Mobilitéit?
- Ass et intelligent ëmmer nëmmen op d’Geld ze kucken?
- Intelligent notzung vum ëffentleche Raum
- ENG FALSCH MOBILITÉIT SCHUED EISEM LAND
- Wat sinn d’Käschte fir d’Gesellschaft?
- ENG “VERKEHRSWENDE” JO, AWER WÉI?
Wou: Am Wonerbatti
Wéini: Ab 19.00 Auer
20. SEPTEMBER 2016
D‘Vitesse bei der Schoul dauerhaft op 30 km/h erofsetzen
Fir d‘Sécherheet vun de Kanner soll déi erlaabte Vitesse bei de Schoule vun 50 km/h op 30 km/h erofgesat ginn. Den Avantprojet zu dësem Thema kritt Dir am Wonerbatti virgestallt.
Wou: Am Wonerbatti
Wéini: Ab 19.00 Auer
21. SEPTEMBER 2016
Aweiung vun der BBK & eng Presentatioun
Fir de Léit, déi den ëffentlechen Transport benotzen, d‘Waardezäit respektiv Zäit am Bus ze verschéineren, gëtt bei de Busarrêten an der „route de Boevange“ déi éischt Biisser Bicher Kabinn ageweit. Dat ass eng ëmgebauten Telefonskabinn, wou eng Rei Liesbicher, déi een sech ausléine kann, dra stinn. Wann een domadder fäerdeg ass gëtt d‘Buch einfach erëm zeréck gestallt. Wann engem ee Buch gutt gefält, hält een et, a setzt awer een Néit amplaz. Natierlech dierf een ee Buch wat een net méi brauch, an awer a guddem Zoustand ass, och einfach esou un d‘Ëffentlechkeet verschenken. Uschléissend gëtt och nach e Projet iwwert ee neien Vëloswee hei zu Biissen virgestallt.
Wou: route de Boevange, beim Busarrêt
Wéini: Ab 17.00 Auer
22. SEPTEMBER 2016
Autofräien Dag mat „Blühende Straße“
Den 22. September ass offiziell den „Autofräien Dag“, an do maachen mir och mat andeem d‘Mierscherstrooss tëscht der der „route de Finsterthal“ an der „rue des Moulins“ vun 07.00 bis 19.00 komplett fir den Trafic gespaart gëtt. Mat dem Projet „Blühende Straße“ wäerten mir zesummen mat de Schoulkanner an puer Kënschtler d‘Gemengenplaatz zu engem Konschtwierk maachen. Den ganzen Dag iwwer ginn Aktivitéiten ugebueden.
Wou: Gemengenplaatz & „route de Mersch“
Wéini: 08.00 bis 17.00 Auer